Activités réalisées
Activités en cours
Activités en planification
Galeries
Projet
Liens
Contacts
Home

TOUTLEZARD

Liesung vum Christiane Ehlinger an dem Christian Hansen den 6. Juli am LGL

 

 

 

Am Verlaf vum Schouljoer 2006/2007 hunn d'Klassen 7O2 an 7O6 am Fach Lëtzebuergesch de Roman ?Ee feine Jong" vum Christiane Ehlinger gelies an beschwat. An dësem Buch gëtt den därege Wee vum ?Pit", engem Lëtzebuerger Toxicomane, duergestallt. Schounungslos an authentesch beschreift d'Christiane Ehlinger dem Pit seng éischt Erfahrunge mat den Drogen, wéi hien emmer méi déif an d'Zeen ofrutscht, dat haart Liewen op der Strooss, déi bedréckend Zoustänn an de Prisongen an an der Psychiatrie, deen alldeeglechen Iwwerliewenskampf vun den Drogéierten, d'Prostitutioun...

D'Schüler aus dem LGL hunn dat Buch mat groussem Interessi gelies an hunn sech déif betraff gewise vun deem, wat doran beschriwwe gouf. Hieren eegenen Aussoen no huet d'Buch hinnen awer och d'Aen opgemaach an hinne gewisen, wat fir eng Zoustänn an der Drogenzeen herrschen. Leschten Enns wäerten de ?Pit" an d'Mme Ehlinger hir Zieler - d'Informatioun, d'Preventioun an d'Ofschreckung - also erreecht hunn.

De 6. Juli koumen d'Christiane Ehlinger an de Christian Hansen, sou heescht de ?Pit" mat biergerlechem Numm, an den LGL, fir mat eise Schüler iwwer d'Buch ?Ee feine Jong", den Drogemëssbrauch an dem Här Hansen seng Erfahrungen ze schwätzen.

De Christian, deen elo 37 Joer huet a ?clean" ass, huet den interesséierte Schüler, déi eng Hellewull vu Froen un hie geriicht hunn, éierlech a riichteraus Ried an Äntwert gestan iwwert säi gesondheetlechen Zoustand, seng Ängschten a periodesch depressiv Zoustänn, säi ?Stolz" et gepackt ze hunn am Géigesaz vun sou munche vun senge fréiere Kollegen, seng nei Relatioune mat senger Famill...Hien huet geschwat iwwert déi op d'mannst esou geféierlech legal Drog Alkohol, iwwert en Zesummespill vun Ursaachen, firwat een an den Drogemilieu erarëtsche kann, iwwert dee problematesche Begrëff ?Schold". Iwwerdeems huet hien de Schüler eng Selektioun vun senge Biller gewisen - hien ass am Moment fräischafende Kënschtler.

Presentéiert huet sech e Mënsch mat enger grousser Sensibilitéit, deen et als seng Flicht gesäit, déi jonk Leit opzeklären. ?Wann ech och nëmmen een dovun ofhalen, dann hunn ech scho vill fäerdeg bruecht."

Et woren dëst zwou Stonnen am enke Kontakt   mat engem Mënsch, deem seng Geschicht d'Schüler zudéifst beréiert huet, zwou Stonnen, déi di jong Leit soubal net wäerte vergiessen.